Merci all denen....

Merci all denen, déi keen Offall an d'Natur geheien.

Et as bal nët ze gläwen wat en alles am Bësch fennt. Vu Kamellepobeier, iwwert Plastiksfläschen an Blechbechsen, iwwert Pneuen an Batterien bis hin zu enger Spullmaschinn an engem Coffre--Fort hun ech schons alles am Bësch fond - an ewechgemach, oder ewech huelen geloos. Et schengt méi "cool" ze sin fir sech ëm Ëmweltverschmotzung ze suergen déi Global an abstrakt as wéi emol virun der eegener Diir, am eegenen Duerf, am eegenen Bësch no Uerdnung ze kucken. Ech fannen, dat as en trauregen Thema an ech wäerd dozou och keng weider Biller erop lueden.