Prinzessin Amalia

D'Statu vun der Prinzessin Amalia steet am Agank vum ieweschte Park a mecht den Ofschloss vun der Perspektiv, déi vun der Biedergaas fortgeet. Dat éischt Monument, dat am Groussherzogtum no der Onofhängegkeet vun 1839 opgeriicht gouf, éiert d'Fra vum Prënz Hary , den zu Lëtzebuerg am Numm vu sengem Brudder, dem Kinnig-Groussherzog Wëllem III, regéiert huet. D'Iddi fir en Monument as direkt nom Doud vun der Amalia opkomm, déi den 1. Mee 1872 am Walfer Schlass gestuerwen as. D'Initiativ koum aus den herrschenden Kreesser, déi d'Monarchie als Garant vun der nationaler Onofhängegkeet gesin hunn. Weil d'Amalia eigentlech keng Regentin war, konnt d'Regierung net selwer d'Roll vum Erbauer vum Monument spillen. D'Staad Lëtzebuerg huet déi Charge iwwerholl an d'Monument gouf 1876 ageweit. (Info: Staad Lëtzebuerg)