Soroptimisten iwerreechen Scheck vu 7.800€ un d'Association LUkraine


Kierzlech huet de Club Luxembourg-Doyen du Soroptimist International e Scheck vun 7.800 € un d'Association LUkraine iwerreecht fir d'Finanzéierung vun hirem Educatiounsprojet "Mriya" ("Dream"). Den Nicolas Zharov, President, an d'Inna Yaramenko, Vizepresidentin, hu bestätegt, datt si mat dësem Betrag de Flüchtlingskanner aus der Ukraine hëllefen fir de Schoulufank an och fir hir Sprooch a Kultur weider ze erhalen. Den Robert van Kerkhoff, Managing Director vu BNP Paribas Security Services, krut och härzlech Merci gesot. De Club Luxembourg-Doyen du Soroptimist International konnt den 2. Benefizconcert  mam jonken talentéierten Pianist Stefan Dorneanu am Auditorium vun der Bank ofhalen. D'BNP Paribas huet och noch mat a finanziellen Geste den sozialen Projet vum Club ennerstëtzt.