ScHmIT HAPPENS 2018

04
mai
2018
04 mai 12 mai
OLYMPUS DIGITAL CAMERA

DU 04.05.2018AU 12.05.2018


LET'S HOPP!!!


No de Walen ass virun de Walen an no ScHmIT HAPPENS ass viru ScHmIT HAPPENS... 

Och am Joer vun de Chamberwalen, nom Joer vun der Gemengewalen a virum Joer vun den Europawalen, wäerten de Marc Schmit a säin Alter Ego, den Hoppen Théid erëm esou munch Spiichten z´erzielen hunn. 

Wéi gewinnt geet et an der Show, déi elo schonn an déi 6. Saison geet, awer bei wäitem net nëmmen ëm Politik, mä och déi grouss a kleng Suergen vun de Leit gi mat vill Humor op d´Schëpp geholl. 

A wie soll nom Grand-Duc, dem Asselborns Jang, der Madame Pöjemöpp, dem Gaston Vogel a villen aneren, déi an de leschte Joren zu Mamer op der Bühn defiléiert sinn, bei der 6. Editioun vum Marc Schmit imitéiert ginn ?

Loosst Iech iwwerraschen ! 


FR 04.05.18 | 20:00

SA 05.05.18 | 20:00

SO 06.05.18 | 17:00

ME 09.05.18 | 20:00

DO 10.05.18 | 20:00

FR 11.05.18 | 20:00

SA 12.05.18 | 20:00


Tarif plein :25 €

Tarif réduit :12.5 €

Kulturpass :1.5 €