Am Home Pour Personnes Âgées Mamer ass gefeiert ginn

Gebuertsdagsfeier

Mamer: Rezent goufen am Home Pour Personnes Agées zu Mamer bei der grousser Gebuertsdagsfeier déi Bewunner geéiert, déi am Januar, Februar, Maerz an Abrëll Gebuertsdag haten. D’ Direktioun huet den Gebuertsdagskanner hir beschten Gléckwënsch ausgedréckt. Mat flotter Danzmusek huet den Willy Schmitz den ganzen Owend fir gutt Stëmmung gesuergt, an d‘ Bewunner konnten mat hire Famillje bis an den Owend eran feieren, deen schlussendlech mat engem gudde Maufel an engem Stéck Kuch op en Enn gaangen ass.

Mat engem flotten Kadô sinn folgend Bewunner geéiert ginn:

Guy Trausch (80), Anne Josée Conrad-Wiltzius (81), Madeleine Reding-Feitler (82), Monique Clement (82), Lily Jeblick-Steinbach (82), Josette Feller-Leiner (85), Margot Mettenhoven-Kayser (85), Anne-Marie Glodt-Thill (87), Suzette Fettes-Burais (87), Maria Ferreira-Marques (87), Denise Hoffmann-Pettinger (88), Fred Unsen (88), Irène Schmit (90), Nelly Federspiel-Hoffmann (90), Frédéric Schintgen (90), Suzanne Noesen-Weintzen (91), Albert Olinger (91), Catherine Breger-Kongs (91), Josette Fischer-Veyder (91), René Meis (91), Nelly Klein-Deischter (91), Fiorinda De Iuliis (92), Jeanne Glesener-Schmit (94), Colette Meyrer-Koch (95), Julie Brunsfeld-Feiereisen (95), Marguerite Putz-Karl (95), Léonie Pickel-Kauffmann (96), Germaine Jaeger-Entringer (97),Marie-Anne Delbrouck-Sevenig (97), Jozefa Tinta-Bernik (98), Anne Barthel-Reiser (101).