No mengem Leedwuert : "Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen !" wier et jo eng gudd Saach geleeëntlech ee schéint Liddchen an der Famill ze sangen. Jo et gëtt ëmmer méi wichteg dat ze retten wat nach ze retten ass. Hëlleft duerfir all, eise Lëtzebuerger Lidderschaz erëm opliewen ze loossen an ze erhalen, an de Schoulen, an de Veräiner an der Gesellschaft, an der Famill !
Lidder erzielen äis jo och meeschtens eng ganz an interessant Geschicht a sinn duerfir och eng wäertvoll Hëllef an den Lëtzebuerger Coursën.
Lëtzebuerger Lidder fënd een iwwer d’Land, Géigenden, Dierfer sou wuel wéi iwwer fréier Beruffer, Bräicher, Monumenter a bedeitend Leit, iwwer Fester a Feierlechkeeten, iwwer Veräiner, Hobby a Sport, iwwer Iessen, Drénken a Léift, iwwer all Altersgruppen a Sozial Schichten a Kannerlidder, ma och aus schwéieren Zäiten a vun traurege Momenter. Et geschitt jo näischt wouriwwer een net ee Lidd fanne géif fir ze sangen oder ze liesen !
Niewt engem Archiv vun 4700 Lëtzebuerger Lidder ( Wierder an Nouten ) gëtt et elo och 2 Lidder-Bicher, mat 95 däer Päerelen déi fréier iwwerall, auswenneg gesonge gouwen, ma lues a lues an de Vergiess gerode sinn well se a kenge Bicher woaren!
Well ech selwer och alt Gedichter a Lidder geschriwwen a komponéiert hunn, gëtt et elo een drëtte Band mat 57 däer Wierker.
Dir kënnt dëse Kulturpatrimoine an äerer Bibliothéik hunn, ma net nëmme fir schéin ze maachen, ma fir iech an äere Frënn epuer freedeg Stonnen ze gönnen ! A wann dir emol däer schéiner aler Lidder eent sicht, da fanne mir et villäicht am "Lëtzebuerger Lidder Archiv" , meld Iech duerfir :
Jean Kandel vu Mamer / jeankandel@pt.lu