Nei Perspektiv ouni Spektiv !

Du brauchs net wäit ze lafen,

Kee Flugschäin dir ze kafen,

Géi bis an de Mëllerdall,

Lauschter gutt eemol de Schall,

Vun dem Wand, de Villercher,

Der Natuer hier Spillercher,

T’ass eng ganz nei Perspektiv,

Fir d’bloust A, ouni Spektiv !

Sportlech ass och nach déi Saach,

Zwou Mécken mat engem Schlag !