Vun Uewen an ënnen ...

Wanns du do eemol ganz uewe bass,

A kucks ronderëm, wat ass do lass?

Hey, ech sinn op äerer Héicht, Madame !

Wann och net aus Gold, ma wat ass dann,

Haaptsaach, hei gesäit een mol ganz wäit !

Eis ganz Stad vun hierer schéinster Säit !

D'Autoen, wéi Dinky-Toys, sou kleng !

An den Dall genéissen wéi op Pläng !