Wéi soll et dann dës Kéier goen ?

Et gëtt esou vill vun an iwwer d'Wahle geschwat, duerfir dëst klengt Liddchen...

Wahlen... Weis a Wierder: Jean Kandel
1.)

Mir waren namel wielen,
Ech froe mech firwat
Soll ech déi Zäit mir stielen ?
Ech sinn einfach entsat!
Mir ginn dozou gezwongen
Mir kréie vill versprach !
Virdrun sinn s'all fäi Jongen...
Duerno ass alles Brach !
2.)
Jo d' Wieler hinne soten !
De Kado dee war chic !
Schéi brav Kräizercher molen !
Ma duerno kënnt den "Hic" !
Déi eng déi wénke rauten,
Si hätten es genuch !
Wat sinn dat da fir Flauten ?
Wie gëtt dann do nach klug ?
3.)
Huet eng Partei gewonnen
Da gëtt sech déck gefreet !
Dir huet fir näischt gesongen,
Lo gitt dir ausgefleet.
D' Parteie ma Fusiounen,
D'Gewënner kucken domm !
Dat heescht Coalitiounen !
Ma do leeft eppes kromm !
4.)
Ass dat en Duerchenaner,
Wat an deem Zirkus leeft !
Wann eng Partei déi aner
Vun hirer Plaz fort jeet !
Do hunn déi Eng gewonnen,
De Wieler wollt dat hunn !
Ma deen ass hei deen Dommen,
E gëtt alt nees bedrunn !
5.)
Vill Wieler sécher fannen
Datt si lo hu getosch,
Dee Schielen op dee Blannen
Déi son: "Ma Quetschen och !"
Mir waren namel wielen ,
A wat hu mer dann elo ?
Wann eis Stëmmen net zielen,
War't eng onnéideg Plo !