Douane’s Musek beim Tarzan

Douane‘s Musek huet vum 22. bis de 27. Juli 2026 eng Rees op Hamburg gemaach fir seng Musikantinnen a Musikanten ze beloune fir dat wat si an de leschten zwee Joer geleescht hunn. Nodeems jiddereen säin Zëmmer zougewise krut ass nach Zäit bliwwe fir d’Been iwwer d’Reeperbahn ze vertrëppelen oder op d’Dom-Kiermes ze goen. Den anere Moie war en Tour mam Hafencity Riverbus, e Schwammbus, um Programm. Vun der Speicherstadt ass et duerch d’Hafencity bei den Holzhafe gaange wou mer dann och duerch d’Elbe gefuer sinn. Dësen éischten Héichpunkt huet bei de Bedeelegten eng grouss Begeeschterung ervirgeruff, mä den Dag war nach laang an owes sollt et dann an den Disney Musical TARZAN an den Theater „Neue Flora“ goen. Hei huet d’Begeeschterung keng Grenze méi kannt wéi d’Akteuren iwwer d’Käpp vun de Spectateure geflu sinn. De musikaleschen an artisteschen Deel hunn d’Leit praktesch vun de Sëtzer gerappt. Den aneren Dag war e weideren Héichpunkt um Programm, d’Visitt vum Miniatur Wunderland. Wat hei am klenge Format opgebaut ass huet esou munch Ae grouss gi gelooss. Et gëtt een es net sat ze gesinn wéi detailléiert alles do steet, et huet een sech op der reeller Plaz gefillt. Wann ee schonn an der Stad vum däitschen Zollmuseum ass, da muss een als Douane‘s Musek selbstverständlech och dohinner goen. Wonnerbar dokumentéiert ass do den Alldag vum Douanier vu fréier bis haut, spannend Geschichte vu Schmuggler an Douaniere sinn hei ze gesinn. Groussen Uklang huet natierlech d’Zollboot fonnt, och well een do bis an de Motorraum konnt kloteren. A wann eng Musek zu Hamburg ass, dann däerf d’Elbphilharmonie um Programm net feelen. Op eiser Visitt konnte mer dann och hannert d’Kulisse gesinn an op den Daach fueren déi schéin Aussiicht iwwer Hamburg genéissen. Wat feelt nach wann een zu Hamburg ass? Natierlech e Labskaus-Iessen, dat deen een oder aneren an engem vun deene ville lokale Restaurante genoss huet. All schéi Rees kritt och eng Kéier en Enn an um Heemwee sinn d’Iddie vun enger nächster Rees ausgetosch ginn.