Miersch: Ënnert dem Motto "Fréijoer" huet den 23. Abrël di traditionell Gebuertsdagsfeier am HPPA- Miersch stattfond. Nit manner wi 41 Jubilaren, déi an de Méint Februar, Mäerz an Abrël Gebuertsdag feiere konnten, huet de Paul Laurent am Numm vun der Direktioun mat sengem Team , och häerztlich gratuléiert an hinnen alleguerten wieiderhin eng gudd Gesondheet gewënscht. Als Unerkënnung huet dat symphatischt Personal vum Club "R" alle Jubilaren eng Rous geschenkt.Och d 'Vertrieder vun de Gemengen Bissen, Colmer- Bierg, Hëlperknapp, Noumer a Miersch , Bea Horsmans- Kabers, Isabelle Wickler, Claude Mathekowitsch an Costa Nelson hun sech de Wënsch och gaeren ugeschloss. Fir di gut Stëmmung de ganzen Nommëtteg huet Lisa Mariotto mat Gesank a Musik bëschtens gesuergt . Natirlich huet engt Glas Crémant, e Stéck vum groussen Gebuertsdagskuch verbonnen mat engem Happy Birthday an duerno e gut gefëllten Teller och nit gefeelt. Geéiert si gin: Biren Danielle (62 Joer), Pletschette- Quinet Giberte (76), Urwald Carlo (76), Altman- Schlechter Catherine (76), Ferron-Haezebaert Pia (79), Scholtus- Reda Ida (79), Wypchal Zdzislaw (79), Ludivig- Pick Marianne (82), Faber Adelie (84), Grzesiak Marie- Madeleine (84), Schumach er- Reding Liliane (84), Zenners- Koeune Georgette (84), Lafleur- Schroeder Marguerite (85), Peckels- Decker Catherine (86), Ludwig- Goergen Annette (86), Rodriges Loreta Viviana (87), Stelmes- Groos Annette (88), Godart Gilbert 88), Sr. Detampel Paule (89), Baum- Neuens Thérèse (90), Petit- Burg Catherine (91), Thomas- Berchem Josephine (91), Sabel- Schartz Eugénie (91), Sr. Zahnen Nicole- Marie (92), Jacobs- Leiner Ketty (93), Sr. Everad Agnes (93), Welscher Maria (93), Mathes- Demuth Andrée (93), Faber- Heyen Gertrude (93), Kaufmann Jos (94), Ahles Pierre (94), Se ywert- Stoffel Hélène (95), Bausch- Schmit Thérèse (95), Koener- Moris Léonie (95), Kieffer- Goller Marie- Josée (95), Schleimer- Meres Cécile (95), Kayser Léon (95), Gantrel- decker Alice (95), Sr. Rass Marie- Jeanne (99), Müller- Wolsfeld Irma (99) an Heisbourg- Sosson Catherine (101). (CR) (Foto: Charles Reiser)