Rousen fir 25 Geburtsdagskanner am Home Saint- Joseph zu Miersch


Miersch: All Pensionnären a Schwësteren, aus dem Home Saint- Joseph vu Miersch, déi tëschent dem 24. Abrël an dem 23. Juli gebuere goufen, sin am Kader vun enger gemeinsamer an flotter Geburtstagsfeier mat enger Rous geéiert gin. Dess flott Veranstaltung stong ënnert dem Thema „Provence“, wou zesummen mat de Memberen vun de Familljen gefeiertf gin ass. D’Gemengen vu Bissen, Hëlperknapp a Miersch, waren vertrueden duerch Bea Horsmans-Kaber, Jean- Claude Mathekowitsch, Costa Nelson a Willy Vullers. Am Numm vun der Direktioun a vum ganzen Personal mat der Schwëster Paule Detampel, huet de Laurent Paul am Numm vun der Direktioun mam Animatiounsteam alle Jubilaren mat enger schéiner Rouss gratuléiert a weiderhin och eng gut Gesondheet an eng zefriddent neit Joer gewënscht. No enger Coupe Crémant war et dem Entertainer Willy, wi gewinnt mat sengem Humor a Witz, den ganzen Nommëtteg iwer mat flotter Ënnerhaalungs- an Danzmusik fir super Stëmmung am festlich gerëschtem Saal gesuergt huet. E gudd gefëllten Teller mat engem schmackhaften Menü mam Héichpunkt vum Owend, war ouni Zweifel d’Opschneiden vum groußen Geburtsdagskuch. D’Jubilaren waren: Felten Marie- Louise (73 Joer), Fellens-Serres Liliane (80), Kontz Jean- Baptistze (81), Soisson Raymond (83), Offermann Raymond (83), Cruces Garcia Francisco (84), Lahr- Wiesen Georgine (84), Thiry- Dennewaldt Marga (85), Kinarian- Laux Jeanny (85), Wagner- Koster Margot (86), Emmeringer- Dickes Jeannette (87), Scholtes August (87), Heck- Herber Georgette (87), Hoscheid Nicole 87), Sr. Hourscht Béatrice (87), Fischbach- Fettes Elise (90), Weis- Seidemann Marguerite (91), Scheffen Theo (91), Diederich- Ludes Marie Madeleine (92), Brandenburger- Peffer Nicole (92), Schellen- Reisen Marie Pauline (92), Lorse- Weyland Suzanne (93), Muller- Heiderscheid Alice (95), Thillmany Nicolas (96) a Miny- Heck Léonie (98). (CR ) (Foto: Charles Reiser)