Rousen fir 36 Geburtsdagskanner am Home St. Joseph


Miersch: All Pensionnären a Schwësteren, aus dem Home Saint- Joseph vu Miersch, déi tëschent dem 26.Januar an dem 25. Abrël gebuere goufen, sin am Kader vun enger gemeinsamer an flotter Geburtstagsfeier mat enger Rous geéiert gin. Et war gläich di zweet flott Veranstaltung fir dest Joer, déi zesummen mat de Memberen vun de Familljen organiséiert gin ass. D’Gemengen vu Bissen, Colmer- Bierg, Hëlperknapp a Fiels, waren vertrueden duerch Bea Horsmans-Kaber, Isabelle Wickler, Jean- Claude Mathekowitsch, Myriam Martins-Mendes. Am Numm vun der Direktioun a vum ganzen Personal mat der Schwëster Paule Detampel, huet de Home-Direkter Nicky Wintringer alle Jubilaren mat enger schéiner Rouss gratuléiert a weiderhin och eng gut Gesondheet an eng zefriddent neit Joer gewënscht. No enger Coupe Crémant war et dem Entertainer Willy, wi gewinnt mat sengem Humor a Witz, den ganzen Nommëtteg iwer mat flotter Ënnerhaalungs- an Danzmusik fir super Stëmmung am festlich gerëschtem Saal gesuergt huet. Héichpunkt vun deser Geburtsdagsfeier war ouni Zweifel d’Opschneiden vum groußen Geburtsdagskuch. D’Jubilaren waren: Ginjaar Marie- Françoise (70 Joer ), Urwald Carlo an Altman- Schlechter Catherine (74), Wypchal Zdzislaw (77), Schmit- Schiltz Emilie (78), Ludivig- Pick Marianne an Ewertz- Schartz Catherine (80), Faber Adelie, Schumacher- Reding Liliane an Zenners- Koeune Georgette (82), Lafleur- Schroeder Marguerite (83), Peckels- Decker Catherine (84), Zahnen Anne (85), Stelmes- Groos Annette, Godart Gilbert an Schmidt- Fusenig Gisela (86), Sr. Detampel Paule (87), Petit- Burg Catherine an Sabel- Schartz Eugénie (89), Sr. Zahnen Nicole- Marie (90), Jacobs- Leiner Ketty, Sr. Everad Agnes, Lavina- Kousmann Andrée, Mathes- Demuth Andrée an Faber- Heynen Gertrude (91), Baustert- Krausch Charlotte (92), Bausch- Schmit Thérèse, Koener- Moris Léonie, Kieffer- Goller Marie- Josée, Schleimer- Meres Cécile, Kayser Léon an Gantrel- Decker Alice (93), Bowé- Ewert Marie (96), Sr. Raas Marie- Jeanne an Müller- Wolfsfeld Irma (97), Heisboug- Soisson Catherine (99). Mat engem gut gefëlltem Teller, engem Stéck Kuch an enger Taass Kaffi, huet dess schéin Gebuertsdagsfeier hiren würdigen Ofschloss fond. (CR) (Foto: Charles Reiser)