Conveniat zu Mäertert

Den 3. Oktober 2015 haten sech d‘Joergäng 1963-1964 aus der Primärschoul vu Mäertert zu hirem 2. Conveniat an der Heemechtsuertschaft getraff.
Moies goufen si zu Waasserbëlleg op der Gemeng vum Buergermeeschter Gust Stefanetti begréisst a kruten anschliissend en Éierewäin offréiert.
D‘Mëttegiessen war zu Mäertert selwer, am Restaurant Joël Schaeffer.
Duerno stoung eng Visite am „Rouden Haus“ bei den Geschichtsfrënn Mertert-Waasserbëlleg um Programm.