Eng Ausstellung fir Europa ze erliewen
D’Ausstellung Europa Experience ass an alle grousse Stied vun der Europäescher Unioun ze gesinn. Hiert Zil ass et, d’EU de Bierger méi no ze bréngen. Et ass eng eenzegaarteg Geleeënheet, déi 27 Memberstaaten ze entdecken, ze verstoen an ze erliewen – an ze erkennen, wéi wichteg d’Europäesch Unioun fir Lëtzebuerg ass. D’Muselheem asbl huet hire Memberen d’Méiglechkeet ginn, un enger guidéierter Visite am Europaparlament deelzehuelen – dem administrative Zentrum vun der Institutioun. An de leschte 70 Joer gouf vill erreecht, mee Europa steet och virun neien Erausfuerderungen: Klimaneutralitéit, sécher Energieversuergung, Erhale vun Aarbechtsplazen an Zäite vun der Rezessioun, digital Transformatioun, Migratioun, Friddenssécherheet an Demokratie. Dës Themen betreffen eis all – an zesumme kënne mir d’Zukunft gestalten. D’Presentatioun stellt dës Aspekter op eng verständlech an interaktiv Manéier duer, sou datt se fir jiddereen zougänglech as.
Lëtzebuergesch am Fokus Eng Ausstellung iwwer Sprooch a Kultur. Parallel dozou gëtt eng temporär Ausstellung gewisen, déi sech mat der Roll vun der lëtzebuergescher Sprooch an engem méisproochege Land auserneesetzt. D’Geschicht vun eiser westgermanescher Sprooch gëtt beliicht, sou wéi hir Entwécklung zu enger dynamescher an lieweger Kommunikatiounsform. D’Ausstellung weist, wéi d’Lëtzebuergesch geschwat gëtt, a beleet d’Grenzen an d’Herausfuerderunge vun der Méisproochegkeet. Besonnesch interessant ass de Phänomen vum „Code-Switching“
– dem Wiessel tëscht verschiddene Sproochen am Gespréich –, e wichtegt Element vun eiser kultureller Identitéit. De Grupp Muselheem war ganz begeeschtert vun dëser Visite.
Zwou Ausstellungen, déi et derwäert sinn ze besichen – fir Europa ze verstoen an fir Lëtzebuerg ze erliewen.