Traditionell Zoppwanderung vum Club Muselheem Waasserbëlleg

Gëtt d’Wieder méi kal, da schmaacht eng gutt Ierzenzopp mat Mettwurscht an engem Miselerpättchen, um Enn vun der Wanderung gutt. De Jang HAMEN mat senger Equipe hunn dat ob bescht Miselerart gemaach. Deen 9km Rondwee bei herrlechem Wieder, mat Depart an Enn beim Muselheem, huet laanscht d’Sauer erop iwwert d’Bréck op Langsur(D), iwwert de KLOP an d’Wasserbëllegerbréck gefouert.