WANDERSUMMER 2025 - Summerfeeling pur

Am Kader vum Wandersummer 2025 hun d'Wanderfrënn 74 Mertert eng stëmmungsvoll Sonnenënnergangswanderung zu Waasserbëlleg organiséiert. Méi wéi 100 Naturfrënn hunn sech op dësem sonnege Freidegnomëtteg zesummefonnt, fir eng Regioun ze erliewen, déi vu Musel, Sauer a Kultur gepräägt ass.

Den éischten Highlight war den Aquarium Waasserbëlleg, wou d'Participanten an eng faszinéierend Ënnerwaasserwelt entféiert goufen. D'Juliette Theisen huet e Réckbléck iwwert d'en Asaz an d'Aarbecht vum Michel Theisen a Bruno Jacucci ginn, déi um Bau an der Visioun vum Aquarium bedeelegt waren.

Zur Auswiel gouf et duerno zwee Wanderweeër – 5 km an 10 km. Ënnert der Leedung vum Pia a Fritz Schomer goung et lascht d'Musel duerch d'Wéngerten. De Sonnenënnergang iwwer d’Felder um Wee lascht d'Sauer war en natierlecht Konschtwierk, dat d’Wanderer verzaubert huet.

Den Owend ass ofgeschloss ginn ob der schéiner Terrass an der Natur am Bistro Aquarium. Et ware Stonne mat Wanderen, Kultur, Iessen, a Gespréicher – e Wandertour fir all d'Sënner a fir d'Frëndschaft.