Mäerzeg: Am Kader vun de Mobilitéitswochen am Kanton Réiden, war dese Samsden de Moien d‘Gemeng Mäerzeg, di als Alleréiescht déi un deser Aktioun 2023 Deel geholl huet. Gläich virum Start waren de Buergermeeschter Mike Poiré an de Fränk Barthelemes voller Freed, souvill Vëlosferventen, dorënner och vill Kanner häerzlich an der Gemeng begréissen ze dierfen. Nodeems dat si di néidig Erklärungen vun denen zwéin erausgewielten Vëlostier vun 8 oder 41 Kilometer gin hun an jiderrengem och Virsicht am Verkéier mat op de Wee gin hun, gong et dunn lass op di zwou schéin Randonnéeen, déi fir all Typen vun Veloën a Kanner virgesin waren. (CR) (Fotoen: Charles Reiser)