Maërzeg: Dese Sonnden, de Moien war den Optakt an de Start vun „Bike4all“ Alles op de Vëlo am Waarkdall, der 5. Editioun, wou d’Gemengen Feelen- Groussbus- Wal a Maërzeg an enger Zesummenarbecht de Dag vum Vëlo mat de Veräiner organiséiert hun. Virun enger flotter Kulisse um Parking hannert der Gemeng zu Mäerzeg, waren et di 3 Buergermeeschteren- Mike Poiré, Fernand Mergen an Pol Engel ganz houffrig souvill Vëlofrënn ze begréissen. No hirer Virstellung vum Programm an denen jeweiligen Gemengen huet jiddereen um Vëlo Pedalen gedrëckt , fir de ganzen Nommëtteg bei herrlichem Wieder enger flotter naturverbonnenner Manifestation no ze goen. (CR) (Fotoen: Charles Reiser)