Chorale Ste Cécile Steebrecken-Biergem mam Reckbleck op 2023

Zu Steebrecken haat viru kuerzem d’Chorall op hir 71st Generalversammlung an de gut geföllten Hubertussall agelueden.
No der Begreissung vun alle Gäscht as Presidentin Marianne Kirpach op t’Haaptaufgaben vun engem Kierchekouer agangen.
Dono gouf eng Gedenkminutt fir all Verstuerwen vum Verain ofgehalen.
D’Finanzen sin gesond an de Keesebericht vum Carine Dengler gouf vun de Keeserevisoren approuvéiert.
Aus dem Täteschkeetsbericht vun der Sekretärin Claudette Zeimes waar ze heieren, dass ganz vill geschafft gin as .Dozou zielen 46 Prouwen, 37 Massen a 4 Concerten.All Berichter goufen vun der Versammlung ugeholl.
Vill Luef an Mercien gouf et vun der Dirigentin Claudette Zeimes fir d’Organistin, Frënn an Sympathisanten an natiirlech fir Sänger. Och fir 2024 as de Programm schon erem grouss mat der
Dekanatsmass fir d‘Octave den 30teAbrël, e Concert zu Betebuerg den 18ten Mee an nach aaner Projeten.
Et waar eng gelongen Iweraschung fir den freieren Président,Pol Corti,deen mat vill Applaus zum Eierepresident ernannt gouf. 2 Sängerinnen goufen vum Här Patrick Jemming vum Piusverband mat der Médaille en or (30 Joer) ausgezeechent. Et waren dat Monique Bormann-Wewer an Jacqueline Reder-Dengler. A senger Usprooch huet den Här Jemming dei gut an frëndschaftlech Zesummenarbescht erfir gestraach.
Den Här Paschtouer Ricardo Monteiro huet dei onermiddlech Asätz vun der Chorall gelueft an hier all Gutts fir Zukunft gewënscht.
E grousse Merci gouf et och vum President vum CGP,dem Här John Wantz,dëen Wichtegkeet vun der Chorall am Kiercheliewen ënnerstrach huet.
Kulturkommissioun vu Monnerech,vertrueden duerch de President, den Här Luc Thinnes ‚ lueft deen groussen Asaatz vum Verain an hofft och weiderhin op eng gut Zesummenarbescht.
Den Här Buergermeeschter Jeannot Fürpass soot Merci fir dei vill Präsenz bei de Manifestatiounen vun der Gemeng a wënscht dem Kouer vill Erfolleg fir Zukunft.
Den Owend gouf dann gemittlech bei engem Patt an engem gudde Mäuffel ofgeschloss.

Plus de nouvelles de Marianne Kirpach >