En intensiivt Joer kënnegt sech un.

Den 21. Januar huet d’Chorale Ste. Cécile vun Hunchereng-Fenneng-Näerzeng e Réckbléck op dat lescht Joer gehalen. An hirer Usproch huet d’Presidentin Michèle Fliegner de Vertrieder vun der Gemeng Merci gesot fir dee flotte Sall deen d’Chorale zur Verfügung huet an och de Sänger a Sängerinnen fir hiren Asaz. Bedauert gouf och dass et schwiereg ass nei Memberen ze kréien esouwuel am Gesang wéi och am Comité. Nieft deenen übleche Massen vun Karfreideg, Ouschteren, Allerséilen a Chrëschtdag sinn och nach eng Cäcilemass, 3 Kiermesmassen, Läichendéngschter an eng Hochzäit gesonge ginn.

De 16. Oktober wosst d’Chorale dunn z’iwwerzeegen mat hirem éischte Concert am neie KulTourhaus zu Hunchereng. Um Programm stoungen Evergreens-Rock a Pop. Den Erléis vun deem Concert war fir d’Organisatioun „Sonflora Nicaragua“.

Bei all deene Optrëtter a ronn 50 Prouwen huet de Chouer nach un 7 aner Manifestatiounen deel geholl.

Fir d’Memberen fir hir Aarbecht ze belounen hat de Comité op en Iessen am Restaurant „Pefferkär“ zu Hunchereng agelueden.

D’Dirigentin Josée Schmitz sot an hirer Usproch de Sänger a Sängerinnen Merci fir hir Aarbecht esou wéi den Organisten déi d’Chorale begleet hunn an och dem Comité fir seng Ënnerstëtzung. D’Dirigentin huet d’Memberen dunn op en intensiivt Joer virbereet. Um Programm stinn 3 Concerten den 30 Abrëll zu Hunchereng an der Kierch an de 6. Juni zu Réiser.. Dann e grousse Concert mat Musical den 19. November. Do dernieft all déi aner Massen a Manifestatiounen wéi all Joer. Et gëtt sech tëschenduerch iewer och e puer Deeg an der Auvergne erholl.

Et goufen och Medaillen vum Piusverband an der UDGA verdeelt. Vun der UGDA fir 5 Joer.: Mme Schlentz Josiane, fir 10 Joer bronze Medaille fir d’Mme Cruchten Anne-Marie an d‘ Mme Weber Carine, fir 40 Joer d’médaille en or avec palmettes d‘Mme Fliegner Michèle an d’Mme Becker Anny.

Vum Piusverband : insigne de mérite 5 Joer fir d’Mme Cruchten Anne-Marie, d’médaille en bronze (10 Joer) fir d’Mme Flies Denise an d’Mme Weber Carine, d‘médaille en or (30 Joer) fir d’Mme Fliegner Michèle an den Här Schneider Ferdinand, d’médaille en or avec palmettes fir d’Mme Becker Anny.

Zum Schluss vun der Versammlung huet den Här Gusty Graas dem Veräin Merci gesot vir säin Asaz a vill Succès gewënscht fir d’Zukunft.