Den 27ten Mai haten d'FLF, Lëtzebuerger Wort an Fielmann en Fussballcamp zu Monnerech organiséiert. D'Kanner wou konnten matmaachen waren duerch en Gewënnspill ermëttelt ginn. Sie se den ganzen Dag vun Nationaltrainer vun der FLF trainéiert an gefuerdert ginn, den Nationaltrainer Luc Holtz war och present fir sech déi zukünfteg Talenter unzekucken. Alles an allem war et en Super Dag, mat schéinem Wierder an enger gudder Ambiance. Villmools Merci un d'Organisateuren, déi dat ganzt meichlech gemaach hun.