Um Donneschden de Moien ass et um Site vum Monnerecher Stade Communal mam Opriichte lass gaangen. Bei schéinstem awer kalem Wieder hunn eng ganz Rei Fräiwëlleger beim Opriichte vun den Zelter gehollef. Déi sti mëttlerweil esou, dass et um Freideg de moie mat deenen aneren Aarbechte weider goe kann.
Um Freideg 17 Auer gëtt den IF Ouschtercup (et ass déi 10. Éditioun!) mat dem Galamatch vun eise Cadets géint hir Alterskollegen vum FC Metz agelaut. Direkt no dësem Match ass d'Präisiwwerreechung an de gehëtzten Zelter an da geet et direkt mat dem Vernissage vun eiser Fotosausstellung weider. Déi kann een natierlech och déi aner Deeg vum Turnéier bewonneren.
Zu gutt a lescht ass um 20 Auer dann nach de Championnatsmatch vun der éischter Équipe vum FC Monnerech géint d'Alliance Äischdall.
Net ze vergiessen, dass Mëttes jo och nach gebakene Fësch am Club House zerwéiert gëtt. Karfreideg oblige! Et ass deemno vill lass um Stade Communal zu Monnerech.
Op Ouschtersonnden spille Minimes a Scolaires ab 14 Auer.
Op Ouschterméinden sinn et dann Poussins déi moies ab 8:30 Auer spillen. Um 14 Auer geet et dann mat de Bambinis a mat de Pupilles weider.