E Kaddo fir d'Pedibus-Kanner

A wéi Abbes, B wéi Betty, C wéi Chrëscht an D wéi Dolly - dat sinn déi nei Nimm vun de Pedibus-Maskottercher!

De Mëttwoch, 20. September 2023, huet de Schäfferot zesumme mat der Ekipp vun Niedz4Kidz am Kader vun der Mobilitéitswoch d'Kanner, déi de Pedibus huelen, virun der Schoul ,,Am Sand'' iwwerrascht an hinnen eng flott Kap mat engem Maskottchen drop geschenkt.