Mëtt Dezember hunn d’Lokalsektiounen aus Kéinzeg-Féngeg a Bascharage d’Bewunner vun der Structure d’hébergement pour demandeurs de protection internationale zu Käerjeng besicht – ganz nom Motto „Mënschen hëllefen“. Normalerweis iwwerloosse si d’Verdeelung vun hire Spendegelder der Croix-Rouge luxembourgeoise, mee dës Kéier haten si selwer decidéiert, wiem si eng Freed maache wéilten: all d’Recetten vum „Ënnerwee 2024“ sinn esou integral dëse Kanner a Jugendlechen zegutt komm.
Béid Delegatiounen goufe gemeinsam vun den Dammen Morgane Cruciani a Sophie Goffette empfaangen an an e Gemeinschaftsraum begleet, wou d’Bewunner eng Rëtsch selwer preparéiert Spezialitéiten aus hiren Heemechtslänner ugebueden hunn. Sprooche ware keng Barrière. An enger waarmer, oppener Atmosphär hunn d’Kanner – zesumme mat enger weiderer externer Benevole – mat vill Freed un dëser flotter Feier deelgeholl, wärend där och kleng Kaddoe verdeelt goufen.
Iwwerdeems dobannen nach gemittlech giess a geschwat gouf, hu frëndlech Gemengenaarbechter dobaussen diskret gréisser Päck an deem klenge Bannenhaff ofgestallt, ouni datt d’Kanner eppes dovu matkritt hätten. Arrangéiert gouf dëst vun der lokaler Commission de la Cohésion sociale. Esou stoung dann also op eemol déi eigentlech Sensatioun am Bausseberäich: zwee Fussballgoler an e grousse Basketballkuerf. D’Kanner hu sech net laang fléiwe gelooss a hunn direkt gespillt, iwwerdeems déi Erwuessen nach eng länger Zäitchen mam Opbau vum Basketballkuerf beschäftegt waren – zum Jux vun allen.
Zum Ofschloss huet den Här Louis Philippe am Numm vu béide Sektiounen eng kuerz Usproch gehalen, éier d’Madamm Cruciani sech am Numm vun alle Bewunner häerzlech bedankt huet. Een Dag, deen een sech elo schonn notéiere sollt, ass den 11 Juli 2026. Dann fënnt an der Gemeng Käerjeng deen nächsten "Ënnerwee" statt.