Generalversammlung vum Nidderpallener Gesank mat Scheckiwwerreechung

E Méindeg, de 25.3.2024 war d’Generalversammlung vum Nidderpallener Gesank.

De President Freddy Sangers huet den Deche Pater Flammang, de Buergermeeschter Henri Gerekens, d’Presidentin vun de Fraen a Mamme Sektioun Réiden Martine Lallemand, all Membere vum Gesank an all aner Leit begréisst.

E besonnesche Merci goung un all Leit, déi ëmmer hëllefen dass d’Fest den 1. Mee vum Konscht-an Hobbymaart esou gutt iwwert d’Bün geet; der Gemeng an de Gemengenaarbechter fir hir Hëllef, de Fraen a Mamme Sektioun Réiden fir di gutt Zesummenaarbecht, an alle Leit déi ëmmer do si wann se gebraucht ginn.

D’Sekretärin Betty Heimermann huet am Aktivitéitsbericht di vill verschidden Aktivitéiten opgezielt, de Konscht-an Hobbymaart den 1. Mee an de Concert 1 Bass 2 Bässer den Oktober zu Réiden si besonnesch ervirgehuewe ginn.

Wärend dem Merciiessen fir déi Leit, déi bei deenen 2 Evenement gehollef hu sinn zwee Schecken iwwerreecht ginn: 5.000 € un AMVA Association pour Mal-Voyants et Aveugles a 5.000 € fir den Tricentenaire ( Résidence Nico Kremer zu Heeschdref).

D’Keessiär Claudine Majerus huet de Keesebericht virgedroen an op eng gesond Kees higewisen, trotz dee gréisseren Donen, déi am Laf vum Joer gemaach goufen. D’Keeserevisore Christine Lallemand an Eric Heimermann hunn eng awandfräi gefouert Kees virfond an hunn d’Decharge fir d’Keessiär gefrot, déi duerch Applaus ugeholl gouf.

Bei der Erneierung vum Comité hunn sech gläich 3 Leit bereet erkläert fir matzeschaffen: d’ Muller Nathalie, d’Rasqué Patricia an de Louis Max si mat Applaus opgeholl ginn.

De Pater Flammang an de Buergermeeschter Gerekens hu felicitéiert fir d’Aarbecht, di gutt Zesummenaarbecht an och fir de Geste vum Deelen a si hunn d’Leit encouragéiert op dem Wee weider ze maachen.

Als Ofschloss vun der Generalversammlung gouf de Pater Flammang mat engem Scheck vun 1.000 € fir de Waasserprojet am Madagaskar iwwerrascht. Uschléissend huet hie bei engem gemittlechen Zesummesinn a beim Patt vum Projet erzielt.