Don fir « Häerzkrank Kanner zu Lëtzebuerg » vun den Hexemeeschter vun Nacher

D’Hexemeeschter, d’Theaterequipe vun Nacher hunn och dëst Joer een Don gemaach, deen aus hiren Theater’Owender resultéiert.


Duerfir haten d’Hexemeeschter d’Freed a d’Éier de 7. November 2025 der Vereenegung «Häerzkrank Kanner zu Lëtzebuerg»,  vertrueden duerch d’Madame Carole a den Här Luc Rommes-Schuller, ee Scheck iwwert 1.500€ z’iwwerreechen. Dëst am Kader vun enger interessanter Virstellung vun der Associatioun.


Zum Ofschloss kruten d’Hexemeeschter nach vill Succès, fir hiert Stéck « De pure Wahnsinn», déi kommend Theater’Owender den 9.,10., 11., 16., a 17. Januar 2026 zu Nacher am Sall, um 20:00 Auer (Sonndes um 18 :00 Auer) gewënscht.


fir d’Hexemeeschter

Béatrice Reis