Traditionell hat d'Fanfare "La Réunion" Hueschtert op hire Gala-Concert op Cäciliendag invitéiert. Ennert dem Thema "The Rock" huet d'Musek matt hirem Dirigent Hans-Karl Daus Stecker iwwer Steng awer och iwwer Rock 'n Roll présentéiert. An der Paus goufe vun der Präsidentin Jeanne Wagner, a Präsenz vum Schäffe Jacques Bauer, Medaillen u laangjähreg Musikanten iwwerreecht : D' Nora Wagner krut en Insigne fir 5 Joer. D'Anna Felke, den Olivier Beck an de Michel Theisen kruten eng Medaille fir 10 Joer Déngscht.