Konveniat vun de Joergäng 1949-1965

Uewerdonwen : Den 10. Oktober 2025 hunn 22 Schülerinnen a Schüler déi tëschent 1949 a 1965 gebuer sinn, an zu Uewerdonwen bei der Joffer Marie-Thérèse Biver an d’Primärschoul goungen, sech fir e Konveniat getraff. Moies stoung eng Visitt vun der Maacher Schleis um Programm. Fir d’Mëttegiesse goung et an de Restaurant Am Wéngert och zu Maacher, wou en excellente Menü zerwéiert gouf. Am Nomëtteg war eng Receptioun am Centre Culturel zu Uewerdonwen mat uschléissendem Éierewäin, offréiert vun der Gemeng Fluessweiler, wou den Här Paul Ruppert, Buergermeeschter vun der Gemeng, d’Leit begréisst huet. Den Dag goung zu Enn bei engem gudde Patt, wou munch Spiichten aus der vergaangener Zäit opgefrëscht goufen. Mir wëllen eis an 2 Joer erëmgesinn.