Fotoausstellung vum Photo-Club Déifferdeng organiséiert am Espace H2O

Samschdes den 20. Abrëll war de Vernissage vun der Fotoausstellung vum Photo-Club Déifferdeng organiséiert am Espace H2O (Rue Rattem, 4687 Uewerkuer Déifferdeng).
Eigentlech ass et eng duebel Ausstellung.

1. D'Veräinsmemberen stellen hier Wierker an DIN A2 aus, jidderee mat enger Selektioun no dem Thema vun sengem Choix.

2. D'Biller vum Concours " De Minett, déi schéin Ecken aus ärer Gemeng ".

Bei der Präisiwwerreechung goufen de beschte Junior an déi 3 bescht Senior-Participanten geéiert.

D'Ausstellung kann nach vum 21. bis den 28. Abrëll besicht ginn - Sonndes vu 14.00 bis 18.00 Auer, an der Woch vu 16.00 bis 19.00 Auer a wärend der Nocturne 26/04/2024 16:00-23:00


Am Samstag den 20.4 war die Vernissage der Foto-Ausstellung organisiert vom Photo-Club Differdingen im „Espace H2O“ (Rue Rattem, 4687 Oberkorn Differdange).
Eigentlich handelt es sich um eine Doppelausstellung denn

1. stellen die Klubmitglieder Ihre Werke großformatig in Din A2 aus, jeder eine Auswahl nach Thema seiner Wahl.

2. Die Bilder des Wettbewerbs "De Minett, déi schéin Ecken aus ärer Gemeng".
Bei der Preis Überreichung wurden der beste Junior und die 3 besten Senior Teilnehmer geehrt.

Die Ausstellung ist noch zu besichtigen vom 21-28.4 – an den Sonntagen von 14-18 Uhr, an den Werktagen von 16-19 Uhr und eine Nocturne: 26/04/2024 16:00-23:00