Liewensmëttelpäck fir aarm Familljen a Rumänien 1.- 20.11.2026

Gratis Këschten kritt Dir op de Sammelplazen / an der Kierch zu Miersch vum 1. November un.

D'Këschte mussen all d‘selwecht gefëllt si mat folgende Saachen:

1 kg Zocker

250 g Kaffi am Pack

2x Vitaminbrausetabletten

1 kg Miel

250 g Back-Kakao

Kichelcher

1 kg Räis

Friichtentéi

Kamellen

1 kg Spaghetti

500 g Margarine

400 g Schockela

6 Päck Zoppen à 4 Telleren

2 Fëschkonserven Chrëschtdagskaart

1 kg Schmull (semoule de blé)

Gitt dës gefëllte Këschte w.e.g. virum 20. November 2026 op de Sammelplazen of.

Dir hutt awer och d'Méiglechkeet fir Geld op de Sammelplazen ofzeginn oder en Don op eise Kont ze machen fir Këschte vun eis fëllen ze loossen (40 € pro Këscht).

Zou Olm sammele mir ausserdeem Kannerspillsaachen, Veloen, Babybettercher mat Matratz a Gedecks, Buggys a waarm Decken. Villmols Merci.


CCPLLULL LU61 1111 7038 8755 0000

KANNER AN FAMILLJENHËLLEF A.S.B.L.

Siège social:

7, rue de Kehlen

L-8394 Olm