Konveniat vun de Joergäng 1940 bis 1950


Osper: Wéi schon zënter e puer Joer, hu sech de lëschte Samsdeg am September, 17 fréier Schülerinnen- a Schüler aus der Primärschoul vun Osper fir hiren, schob al traditionellen Konveniat, getraff. D’Maisy Unsen- Mehlen, d’Lucie Schneider- Hengen an d’Andrée Glesener- Leytem hun hir Frënn géint Mëtteg am Restaurant Péitche Lauer zu Useldeng erwaart. No dem Apéritif an no enger klenger Begréissung gouf och an enger Gedenkminut un déi verstuerwe Schoulkomerodinnen- a Komeroden geduecht, awer och un déijéinig, déi e bëssen mat der Gesondheet geploot sin oder och verhënnert waren fir bei desem Treff können derbéi ze sinn. Bei engem deftigen Menü sinn dunn vill schéin Erënnerungen an Neiigkeeten ausgetosch gin. D’Stëmmung war ganz gut, et gouf vill gelaacht an d’Stonnen sinn wéi am Nu verflunn. Beim Abschied, gouf den Datum vum nächsten Teff am Joer 2024 elo schon festgeluecht. (Foto: Charles Reiser)