Welcome Day zu Osper- Eng Organisatioun vun der Commissioun vivre ensemble interculturel ënnert dem Protektorat vum MINI Leader Projet "Umbrella"vun der Gemeng Réiden/Atert am Festsall zu Ospern.
Ospern: Et war de President Romain Reding deen all Leit an och nei Matbierger mat dene verschiddenen Veräiner mam Schëffen- a Gemengerot och häerzlech wëllkomm geheescht huet. A senger Laudatio ass de President op d'Iddi gaangen, dass eng ganz Reih Mini Projeeën ënnert dem Deckel vun engem grousse Projet soll duerchgezu gin. An dëser Thematik huet do eben dat och ganz gut gepasst. Ënnert dem Strech gesinn ass dat de Virdeel, dat mir zesummen dann eng Art Synergie obbauen zum Leader Programm, wëll de Moment huet 'Gemeng soss kee Leader Projet lafen, an dann schlussendlich, och nit ganz onwichtig, hëlleft dat eis och, Käschte vum Event e bëssen ze drécken. No sengem Merci un all Bedeelegten huet de Romain Reding allen Teilnehmer e schéinen an erfollegräichen Nomëtteg ze wënschen. Desweideren ass virgesin, dat e Briefing an eng Schlussfolgerung vun deser gudder Saach hei ze machen an dann zukünftig Editiounen eventuell en fonction vun dësen Erkenntnisser unzepassen. Bei deser Geleeënhet konnten d'Leit sech bei denen örtlichen Veräiner op hire jeeweilege Stänn informéieren an bei engem gemittleche Patt oder sech mat engem gudden Eisekuch e schéinen Nommëtteg zu Osper verbréngen. (CR (Fotoen: Charel Reiser)