An der Gemeng Rammerich gehéiert et och zur Traditioun, sou wi och an den aaneren Uertschaften a Gemengen am Land, denen Matbierger erënnert, déi hirt d‘ Liewen am Krich hun missen afferen, dat mir bis haut zu Lëtzebuerg nach a Fridden könne liewen. Dëst Joer huet Gemeng Rammerich de Commémorationsdag zu Pärel gefeiert. D‘Gedenkmass, déi vum Paschtouer Marcel Grethen zelebréiert gouf, ass och vum lokalen Gesangveräin mam Henri Grof op der Uergel gesanglich a musikalisch verschéinert gin. Am Verlaaf vun der Euchastiefeier hun den Här Grethen, den Paul Hermes souwi och d‘Madame Buergermeeschter Myriam Binck an hiren jeweiligen Rieden un die schrecklich Zäit wärend dem Krich erënnert, wou och eng ganz Reih Matbierger aus der Gemeng Rammerich hirt Liewen hu misse loosen. D‘Sangen vun der Heemecht huet dess Feier an der Kierch ofgeschloss. Duerno bei der Gedenkfeier beim Monument ass eng Gerbe mat schéine Blummen vun der Gemeng an och eng Coupe vun de Mëmberen vun den Zwangsrekrutéierten ënnert de Kläng vun der „sonnerie aux morts“ niddergelucht gin. Zesummen ass als Ofschloss d‘Heemecht gesonge gin an domadder huet dess Feier zu Pärel hirt würdigt Ënn fond. (CR) (Fotoen: Charles Reiser)