2022_03_24 Mini-Cavalcade - Le carnaval de Venise - Pétange


Och beim Nowuess zu Péiteng huet de Wand scho ganz staark geblosen ewéi si de 25. Mäerz hiren Ëmzuch organiséiert haten. Ënner dem Motto „Carnaval de Venise“ haten sech d'Kanner an elegant geschneidert Kostüme gehäit an hir Masken ugedoen. No dem Cortège goung d'Party esou richteg lass am groussen Zelt op der Stadhausplaz, wou Grouss a Kleng bei enger super Stëmmung gefeiert hunn.