D'as Kirmes am Duerf....

D'as Kirmes am Duerf; endlech konnten sech jonk an aal no 2 Joër mol nees op eng flott Ouvertüre vun der péiténger Kirmes fréen. Traditionnel an mat Begleedung vun der péiténger Musék, huet de Buergermeeschter vu Péiténg, Pierre MELLINA zesummen mat séngen Scheffen-a Gemengerotskollegen de roud wäiss bloë Bändchen duerchgeschnidden an domat d'Kirmes offiziell opgemaach. De Syndicat d'Initiative et du Tourisme vu Péiténg deen dës Ouvertüre organiséiert hat, huet dann zousätzlech och de gudde Kirmeskuch fir Kleng a Grouss offréiert an derniewt e gudde Patt servéiert op der Plaz.

D'péiténger Kirmes dauert nach bis den 19. Juni matt.Demno, vill Spass!