Den SITP huet en neie President

Den 1te Juni 2023 wor di läscht Assemblée générale vum SITP (Syndicat d'Initiative et de Tourisme de la Commune de Petange), ënnert dem Virsëtz vum President Roland Breyer. Eng emotional Assemblée, aus guddem Grond. De Roland Breyer koum 1966 an den SITP wou hie sougläich och Sekretär gouf an schon 1972 gouf hien President. Dëst Amt sollt de Roland dann bekleeden bis den 1. Juni 2023. dat sin 57 Joër am SITP an dovunner der 51 un der Spëtzt als President. Säin Nofolger, den Yves Goevelinger, deen direkt eestëmmeg vum Komitee bestëmmt gouf, huet an sénger Ried bestount, dass et eng Éier fier hien wier an di grouss Foussstapfen vum Roland Breyer ze trieden an de Syndicat weiderhin mat sénger Equipe esou ze féieren wéi dat bis elo de Fall war.Ganz emotional an awer och mat flotten Anekdoten iwert dem Roland säin Veräinsliewen déi di verschidden Riedner, dorënner och den 1te Scheffen Jean-Marie Halsdorf oder och nach den iwergangs Generalsekretär Patrick Remacle an hierer Ried verzielt hun as di Assemblée mat enger Standing ovation fir de Roland Breyer op en Enn gang. Hien huet och betount, dem Syndicat awer nach gären zur Säit ze stoen. No der Assemblée huet sech de Komitee mat den Éieregäscht am Restaurant Verzino zesummefond, wou dann och nach ëm Mëtternuecht dem Roland Breyer säin 80ten Gebuertsdag zesumme gefeiert gouf. Dem Roland Breyer e grousse Merci fier séng Verdéngschter déi hien am SITP geleescht huet.