diner de fin d'année

Den SITP (Syndicat d'Initiative et du Tourisme de la Commune de Pétange) huet de läschte Samschdeg op sàin Ôfschlossiessen an der BRASSERIE DE LA PLACE zu Péiténg invitéiert. Iwert en halleft Jorhonnert steet de Roland BREYER als Präsident un der Spëtzt vum SITP. Hien huet all di Engagementer an Organisatioune, déi jo all ënnert de Covid Reglementer stattfond hun, fir dat ôflaafend Joër Revue passéiere gelooss an all eenzelnem e grouuse Merci fir di trei Mataarbecht am Komité an och ausserhalb ausgeschwat a betount, dass et fir 2022 nees eng nei Erausfuederung gët. An Zesummenaarbecht mat der Gemeng Péiténg an de Veräiner sollen och fir 2022 all Eventer an der Gemeng, soufern d'Pandemie et zou léisst, gutt iwerduecht an organiséiert gin. Deem hun och de Buergermeeschter Pierre Mellina souwéi de Kulturschäffen Jean-Marie Halsdorf zougesoot. Bleiwt ôfzewaarden wéi d'Méiglechkeeten fir di nächste Méint ausgesin, nees gutt Organisatiounen kënnen ze maachen. An deem Sënn wënscht de ganzen SITP jidderengem flott a besënnlech Feierdeeg an e gutt Joër 2022.