En Dachverband fier d'lëtzebuerger Lokalradioen (DLLR)

DACHVERBAND LËTZEBUERGER LOKALRADIOËN (DLLR)

Seit kuerzem gouf zu Péiténg den DLLR gegrënd. Wéi jo bekannt as, gët an absehbarer Zäit de ganze Radiosenderbetrieb op DAB+ ëmgeschallt.

Op finanziellem Plang géif dat fir di kleng Radioën wahrscheinlech den Aus bedeiten! An dëser éischter Versammlung huet den President vum DLLR, Tom STREICHER, betount, dass de Mediepluralismus an de Volontariat jo hei zu Lëtzebuerg grouss geschriwe sin an ënnerstrach dass et d'Aufgab vum Verband as dofir ze suergen an ze kämpfen fir dass d'Lokalradioën am Land erhale bleiwen wann dann den DAB+ mol do as. Vill Fräizäit an Technik as vun all eenzelnen Hobbyanimateur an hire jeweilegen Radiosender gestach gin, ouni de finanziellen Obwand ze vergiessen. Bleiwt ôfzewarden wéi d' Zukunft vun den Lokalradioën deemno ausgesäit. Ze hoffe bleiwt, dass de Verband bei der Regierung nët op daf Ouere stèisst!
Comité: President Tom STREICHER (m) Sekretär: Claude FRANKARD 2.v.r., Serge SIMON 1.v.r.

Änder WEBER 1. v.l., Jean WEILER 2. v.l. ( NILLES Henri, nët op der Foto)