Generalversammlung CSV Gemeng Péiténg

De läschte Méindeg huet d'CSV Sektioun a Präsenz vum péiténger Buergermeeschter Pierre Mellina a Memberen vum Schäffen a Gemengerot hier alljährlech GV ôfgehalen. zu Péiténg am Sall vum HOME ST. HUBERT. Gaschtriedner war den CSV Generalsekretär Christophe HANSEN. Themen di ugeschwat goufen waren natiirlech d'Situatioun an der Ukraine an wat fir eng Impakter dee Krich vun de Russen géint d'Ukraine nach waert bréngen. Desweideren, goufen eng grouss Unzuel vun Memberen fir 20,30,40,50 jo esouguer fir 70 Joër CSV-Memberschaft geéiert. Dass vill Leit vun deene Geéierten der Invitatioun nêt no komm sin, war , verständlecherweis, ëmmer nach d'Angscht virun enger Corona Infizéierung. No dem Schlusswuert vum Buergermeeschter Pierre MELLINA, konnt dann, no zwee Joër Coronaregelen, nees zesummen geprost gin bei engem klenge Maufel deen d'CSV Sektioun offréiert huet.