Konveniat Joergang 1958 zu Rolléng

Läschte Freideg hun sech zu Rolléng di 1958 gebueren Frënn getraff déi do zesummen 1963 an 1964 an d'Spillschoul gaange sin. Um Programm stong eng Visite vun der Rollénger Millen déi vum Guy Kummer gefouert gouf an uschléissend gouf et den Eierewäin vun der Gemeng Péiténg mat Vertrieder vum Scheffen a Gemengerot souwéi dem Buergermeeshter Jean-Marie Halsdorf. Ausgeklongen as den Dag mat engem gemeinsamen Iessen am Hotel THREELAND zu Péiténg.