Treffen vum Joërgang 1962 zu Rolleng

Nodeems et 2022 nët méiglech war hiert all 5 Joër stattfannend Treffen ze organiséieren, war et elo den 20. Mee 2023 souwäit. Treffpunkt war um 10h00 bei der Schoul zu Rolleng wou si vum Buergermeeschter Pierre MELLINA empfange goufen. No der Visite vun där aler an neier Schoul gung et weider an de Châlet Langwiss bei de péiténger Weieren fir eng kleng Stärkung. Nomëttes stung eng Visite um Programm vun der péiténger Kläranlag SIARCH. Duerno gung et fir dat traditionnelt Klasseniessen an de Restaurant Le DAGO, wou och schon den Termin fir dat next Treffen festgeluecht gouf. Organiséiert gouf d'Treffen vum Myriam LINDEN zesummen mat dem Guy SCHOLER an Georges WANGEN