VERNISSAGE

de läschten Donneschden wor de Vernissage vun 3 Kënschtlerinnen a Rousen zu Péiténg. De Roland Breyer, President vum SITP, huet di 3 Dammen virgestalt an et war eraus ze héieren dass se allen 3 an de verschiddensten Schoulen an Akademien hier Léift zur d'Molerei erweidert hun. En Deel vum Erléis vun der Ausstellung geet un d'WONSCHKUTSCH asbl. D'Ausstellung as nach ze besichtegen bis e Sonndeg 18h00.

Alice NIEDERCORN, Emilia FORNELLA, Roland BREYER an Christiane FELTEN-NOËL (vlnr).