Vernissage OTT NEUENS

Op Ufro vum Syndicat d'Initiative et de Tourisme (SITP) vun der Gemeng Péiténg, huet de läschten Donneschden de sympatheschen a bekannten Kënschtler Ott NEUENS seng Wierker zu Péiténg an der Galerie SCHIFFWEILER an der Maison de la Culture "A ROUSEN" présentéiert. De Kënschtler huet den Invitéen e klengen Aperçu a séng Aarbecht gin wéi séng Farwen entstinn mat deene hien molt.. Hien as nët den traditionelle Farwemoler mee hin stellt seng Wierker hier mat Edelsteenstëps a Blaatgold, wat deem ganzen e ganz besonnesche Flair gët, zemol, well et, laut dem Kënschtler, nach keen anere gëtt deen an deem Stil molt.

v.l.n.r. Yves GOEVELINGER, President vum SITP, den Artist Ott NEUENS, Jacques SCHWACHTGEN 1. Vizepresident vum SITP.