Jubiläums- Galaconcert : 175 Joer Préizerdauler Musik


Préizerdaul: Eng schéin gerëscht Sportshal mat engem Bühnendekor, den am Hannergrond mam Logo vun enger Trompette mat groussen Zifferen, 175 Joer, direkt an d’Ae gestach huet, war och di richtig Plaatz zu Platen fir di Préizerdauler Musik fir hiren Jubiläums- Galaconcert 2024 ze presentéieren. Mat iwer 200 Musikfrënn war dest Evenement mat kulturellem Charakter am Préizerdaul och e groussen Erfolleg. Hiren dynamischen Chef Christophe Terver hat zesummen mam Organisatiounscomité e flotten Programm fir desen 22. Galaconcert zesummegestallt, den och vun engem dankbarem Publikum mat villem Applaus honoréiert gouf. Zum Optakt vum éischten Deel wéi vun der Moderatorin vum Owend, Laura Loes- Weis, ugekënnegt gouf , koum „Across the Northern Sky“ vum Michael Swenney zur Opféierung. Direkt duerno war et „ La Belle au Bois Dormant“ vum Peter l. Tchaikowsky- arr. Silvio Caligaris. Mat „ the High School Cadets“ vum J.P. Sousa hat de fréieren Dirigent Patrick Coljon, d‘Éier dest Musikstéck ze dirigéieren. Mat „Sway“ vum Pablo Beltram Ruiz-arr: Michael Brown huet d’Solistin Patricia Hilger sengt gesanglicht Talent och voll a ganz zum Ausdrock bruecht grad esou wi och méi zum Schluss vum Concert, di schéin Melodie „Feeling good“, arrangéiert vum Giancarlo Gazzini. Mat „ Prelude et Mazurka“ arrangéiert vum Yo Kitano gefollegt vum Musikstéck“ Mt. Everest“ vum Rossano Galante dat ënnert der Leedung vum fréieren Chef Dominique Fonck dirigéiert gouf huet zum éischten Deel vum Owend gehéiert. Nach virun der Paus war et um Fernand Muller, President vum Organisatiounscomité, den ausféierlich op d’Geschicht an op d’Entstehung vun der Préizerdauler Musik am Joer 1848 agaangen ass an och houffrig war dat di Préizerdauler Musik an all der Zäit mat engagéierten Musikanten, Dirigenten a Comitésleit bis haut mat Stolz konnt viru gefuert gin. All denen di duerzou beigedroen hun, ass en haut och zu groussem Dank verpflicht. Grad esou denen véier Dirigenten, di an de läschten Joeren d’Musik dirigéiert hun gehéiert Unerkennung an en oprichtigen Merci. „Mat „Pacific Dream“ vum Jacob de Haan, The „Song an Dance“ vum Andrée Waignein ënnert der Direktioun vum Fernand Muller, „One Seven Five“ , komponéiert vum aktuellen Dirigent Christophe Terver hun zu den Highlights vum zweeten Deel gehéiert. Mat „ Mambo Corazon“ vum Carlo Pucci war et de Schluss niewt verschidden vum Publikum gefouerten Zugaben vum Gala 2024 am Préizerdaul. Natirlich war et fir de President Franz Hilger och eng besonnesch Éier fir niewent de villen Leit , Éiergäscht, Sponsoren an Donnateuren vun den Musikstécker, dem Organisatiounscomité, der Gemeng, alle Musikanten an Dirigenten fir hir Presenz, Ënnerstëtzung an Engagement, säin haerzliche Merci auszedrëcken. Wéi dat sech op enger Gebuertsdagsfeier och gehéiert ass de groussen Gebuertsdagskuch mat engem kräftigen „Happy Birthday“ presentéiert gin, den jiddereen sech och gut schmaache geloos guet. Bei flotten Zesummesin an dem Optrëtt vun „After Band: Radio Station, huet dess Jubiläumsfeier „175 Préizerdauler Musik“ och sengt würdigt Ënn fond. (CR (Fotoen: Charles Reiser)