Préizerdaul: Mat berechtigtem Stolz a gut gelaunt, konnt Jeanny Keltesch- Wolf vu Proz viru kuurzem, Doheem säin 95. Gebuertsdag feieren. D’Gebuertsdagskand ass den 30. November 1930 zu Méischdref als dat Eelst vun zwee Kanner vum Jean Wolf an Lena Zender op d’Welt komm. Wärend 20 Joer huet d’Jeanny an enger Bijouterie zu Ettelbéck geschafft an huet sech den 25. Mäerz 1972 mam Pierre Keltesch vun Dikkrich, den 40 Joer laang als Mécanicien beim Grand Garage Wengler zu Ettelbréck bis zu senger Pensioun sengt deeglicht Brout verdingt huet, bestued. Zënter 1972 wunnen di zwee zesummen an hirem Haus zu Proz. Fir de Buergermeeschter Marc Gergen a Begleedung vun sengen béid Schëffen Fernand Muller an Marc Rehlinger war et och eng besonnesch Éier fir dem Jeanny Keltesch- Wolf mat engem schéinen Arrangement mat Orchideen am Numm vun der Gemeng Préizerdaul ze gratuléieren a fir Zukunft weiderhin eng gut Gesondheet an Zefriddenheet mat op hire weidere Liewenswee ze gin. Zesummen ass d’Glas dunn erhuewe gin an op den 95. Geburtsdag gesprost gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)