Leeschtungen vu Schüler, Musikanten an Sportler gewürdigt


Rammerich: An der Gemeng Rammerich ass et schon zënter Joeren di schéin Traditioun am Mount November, am Kader vun hirer „Journée des récompenses“ fir Schüler, Musiker a Sportler zu hirer besonnesch Leeschtung iwert d’Joer ze honoréieren. Agaangs der Präisiwerreechung am Gemengenhaus zu Rammerich huet d’Myriam Binck, Buergermeeschter vun der Rammericher Gemeng,alle Laureaten och zu hiren besonneschen Leeschtungen gratuléiert an hinnen och weiderhin vill Gléck an Erfolleg fir Zukunft gewënscht. Uschléissend konnten folgend erfollegsräich Matbierger e Scheck aus den Hänn vum Schëfferot entgéinthuelen. Sekundarschüler: Maria Gomes, Tina Muller, Dinis Oliveira Rodrigues, Luana Morgado, Frederik Wallendorff, Delphine Kohl, Anna Thilmany, Léini Foog, Estelle Qui Yan Ming, Géraldine Soares Pereira an Tamara Berg. Diplom fir speziellen Erfolleg: Michelle Thilmany, Mélanie Dickes, Helena Batista Da Silva Ferreira, Adrien Lepot, Luc Mergen, Anna Thil, Nikyta Van den Abbeel, Max Thill, Sabrina Arlia an Malou Veron. Musikanten Musikschoul Kanton Réiden: Lena Berg, Marie Schaak, James Strotz an Léini Thill. Sportler: Brandon Braun, Jeff Hoffmann, Maryse Kintlé, Sascha Pick, Alain Rech, Maël Van Dessel, Jenny Schuh an Jonathan Van Dessel. Besonnesch Veräinserfollger: Pompjeeën: CGDIS Rambrouch. Football: FC. Les Ardoisiers Perlé. Dëschtennis: D.T Hueschtert- Foulscht. (CR (Foto: Charles Reiser)