Schoulkanner aus der Kietschter Grondschoul ganz aktiv am Bësch


Rammerich:Am Kader vun énger gréisserer Baamplanzaktioun hun 60 Schülerinnen a Schüler aus dem Zykel 4.2 vun der Kietschter Grondschoul bei der Gestaltung vun éngem klimafitte Bësch aktiv mat Hand ugepaakt. Esou hun sie Eechen, Buchen an Lannen op énger Parzell am Rammericher Geméngebësch geplanzt, wou bis virun kurzem nach Fichten stungen, déi dem Klimawandel zum Opfer gefall sin. Gläichzäitig kruuten sie interessant Informatiounen vum Fieschter Serge Hermes iwert den Impakt vum Klimawandel op den Bësch an datt duerch d’Erhalen respektiv d’Förderung vun der Baamartenvielfalt dem Bësch séng Resilienz gestäerkt gët. Dës naturpädagogesch Aktioun ass éng Gemeinschaftsaktioun vun der Geméng Rammerich, der Kietschter Grondschoul an der Naturverwaltung.

Zum Schluss vun däer Planzaktioun huet d’Geméng Rammerich, d‘ Schülerinnen a Schüler als Merci op de verdingte Chocky mat Croissant invitéiert. (Foto: Charles Reiser)