D'Fonsy Schreiber- Trierweiler huet hire 85. Geburtsdag gefeiert

Réiden/Atert: Bedingt duerch e gudd gefëllten Agenda huet de Buergermeeschter Marc Gergen mat sengen zwéin Schëffen Fernand Müller an Marc Rehlinger, mat e bësse Verspéidung, onbedingt drop gehal, mat enger gudd gefëllter Corbeille, dem Fonsy Schreiber- Trierweiler am Numm vun der Gemeng Préizerdaul, zum 85. Geburtsdag di allerbëschte Gléckwënsch ze iwerbrëngen. D’Alphonsine, genannt Fonsy gouf gebuer, den 30. August 1940. Mat den Elteren Eugène Trierweiler a Josephine Betz, a mat 4 Geschwëster, huet d’Fonsy hir Kandheet a Jugend um Bauerenhaff zu Proz verbruecht. Den 22. Abrëll 1964 ass Hochzäit gefeiert gin mam Jempy Schreiber vu Platen, wou si zwee de Bauerebtrib an d’Brennerei ,weidergefuert hunn. Hier grouss Freed waren hir dräi Kanner Pierre, Luc a Josée. Haut ass d’Fonsy och ganz Stolz op hier acht Enkel- an véier Urenkelkanner. Nieft der viller Arbecht, huet de Gaart, Reesen, Führungen a Fester an der Brennerei, dem Fonsy ëmmer vill Freed gemeet. Leider ass hire léiwe Mann Jempy den 22. August 2017 verstuerwen .Säit Dezember 2018, verbréngt d’Fonsy hire Liewensowend am HPPA – Réiden. Bei dëser schéiner Geburtsdagsfeier huet den Home- Direkter Dany Oestreicher der Jubilarin am Numm vun der Direktioun mam ganze Personal , weiderhin Zefriddenheet an eng gut Gesondheet fir d’Zukunft zu Réiden am Altersheem gewënscht. Zesummen ass mat der Famill an allen Éieregäscht d’Glas erhuewe ginn an op den 85. Gebuertsdag geprost gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)