Dag vum Bam mat de Schoulkanner zu Lannen

D‘Schüler aus der Primärschoul hunn uerdentlech mat ugepak bei der Bamplanzaktioun zu Lannen an der Gemeng Réiden/Atert. Déi eng hunn d’Lach gegruewen an déi aner de Bam gesat. Mat dëser Aktioun gëtt de Kanner gewisen, wéi vill Aarbecht dohannert stécht an datt d’Erhale vun de Bongerte wichteg ass fir haut an d’Zukunft.

Nëmmen heemesch Uebstbamzorten, d.h. Äppel, Mirabellen, Quetschen oder Kiischten, si fir de neie Bongert ausgewielt gi fir déi typesch Aartevillfalt bei eis ze erhalen. Vill verschidden Déieren an Insekte liewen an a vum Bongert. Jonk Beem si wichteg mat hire Bléien an dem Uebst an al Beem mat hiren Huelraim vun deenen de Spiecht, de Steekauz oder Gaardeschléifer kënne profitéieren.


Mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng, de Proprietairen an dem Ëmweltministère kënnen dës wäertvoll Habitater an eiser Kulturlandschaft fir Mënsch an Deier weider bestoen.